
An hei huet ee misse géint Haladas aus Ungarn gewannen, fir sech kënne fir d’Elite-Ronn ze qualifizéieren. An engem ausgeglachene Match huet Haladas no knapp 7 Minutten de Potto getraff, konnt awer net a Féierung goen. Dat ass du kuerz virun der Paus dem Déifferdenger Bocum gelongen, woumat et mat engem knappen Avantage fir d’Lëtzebuerger an d’Kabinne gaangen ass.
Haladas huet du misse méi aktiv ginn a konnt an der 27. Spillminutt duerch de Cassemiro den Ausgäich markéieren. An der Suite waren et dunn nees déi Déifferdenger, fir déi just ee Succès den Anzuch an déi nächst Ronn geheescht huet, déi op de Gol gedréckt hunn. Et war dunn ee Match op ee Gol, ma et sollt net si fir den FCD03, deen domat Véierten an der Grupp gëtt a sech esou net ka fir d’Elite-Ronn qualifizéieren.