BGL LigueDéifferdeng weider ongeschloen, de Progrès klappt Hesper

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng verléiert zu Monnerech a Stroossen gewënnt mat 4:2 géint Munneref. De Racing huet doheem keng Chance géint d'Jeunesse.
© Tom Fischer

Um Sonndeg stoung den 4. Spilldag vum nationale Futtball-Championnat mat ënner anerem dem Match Wolz géint Schëffleng um Programm.

An enger intensiver Partie, an där Schëffleng virun allem an deenen éischten 30 Minutte méi vum Match hat, ka sech um Enn Wolz duerch e Last-Minute-Gol vum Malget an der 90. Minutt mat 2:1 géint Schëffleng duerchsetzen. Alles an Allem keng onverdéngte Victoire. Nodeems de Romeyns d’Lokalekipp per Kapp mat 1:0 a Féierung geschoss huet, sprengt de Ball 10 Minutten dorop just un d’Lat. Schëffleng, zu dësem Zäitpunkt net méi wierklech am Match, ass du quasi aus dem Näischt an der 81. Minutt zum Ausgläich komm (Rodrigues Delgado). An der Nospillzäit hat Schëffleng wuel nach eng Chance, de Ball sollt de Schon am Gol awer paréieren.

Käerjeng hat iwwerdeems e ganz schwéiere Stand géint den Tabellen Éischte vun Déifferdeng, a geet no 90 Minutten als verdéngte Verléierer vum Terrain. De Gol vum Dag huet den Costa Monteiro an der 21. Minutt markéiert. Vu Käerjeng ass bis op 2 gutt Chancen an der 1. Hallschent alles an allem an der Offensiv ze wéineg komm, an et huet sech ze vill am Mëttelfeld ofgespillt. Déifferdeng bleift deemno weider ongeschloen a steet mat 12 Punkten no 4. Spilldeeg un der Spëtzt vun der Tabell.

An der Owespartie huet de Progrès Nidderkuer virun 1085 Spectateure mat 2:0 géint de Swift Hesper gewonnen. Den entscheedende Gol huet den Almeida per direkte Fräistouss an der 82. Minutt markéiert. Dono huet Hesper wuel alles probéiert, ausser eng Rout Kaart fir den Delgado ass awer näischt méi erausgesprongen. An der Nospillzäit huet den Amofa an Iwwerzuel fir d’Entscheedung gesuergt. De Progrès steet mat 9 Punkten op der 3. Plaz iwwerdeems et fir Hesper schonn déi 2. Néierlag war.

Resumé Progrès géint Hesper / Reportage Serge Olmo

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Progrès Nidderkuer - Swift Hesper 2:0
1:0 De Almeida (82'), 2:0 Amofa (90+1')

UN Käerjeng - FC Déifferdeng 0:1
0:1 Costa Monteiro (21')

FC Wolz 71 - FC Schëffleng 2:1
1:0 Romeyns (69'), 1:1 Rodrigues Delgado (81')

Una Stroossen - US Munneref 4:2
0:1 Steinmetz (6'), 1:1 Bernardelli (61'), 1:2 Gassama (65'), 2:2 Azong (71'), 3:2 Azong (Elefmeter, 78'), 4:2 Shala (90+6')

FC Monnerech - F91 Diddeleng 1:0
1:0 Dionisio (19')

Racing Union - Jeunesse Esch 0:3
0:1 Larrière (19'), 0:2 Mogni (54'), 0:3

Fola Esch - Marisca Miersch 1:2
0:1 Bresch (Elefmeter, 4'), 1:1 Cerqueira Martins (66'), 1:2 Rodrigues da Cruz (73')

Victoria Rouspert - Titus Péiteng 3:1
1:0 Redekop (36'), 2:0 Spruds (42'), 3:0 Redekop (45+1'), 3:1 Laukart (73')

Swift Hesper - FC Wolz 71 (18h30)

D‘Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO