E Sonndeg de Mëtteg stoung am nationale Futtballchampionnat de 24. Spilldag um Programm.
Zu Rouspert konnt den Tabelleleader aus Diddeleng seng Féierung duerch eng däitlech 0:5-Victoire weider ausbauen. Schonn no enger hallwer Stonn stoung et no zwee Goler vum Sinani an engem Gol vum Hadji 0:3 fir d’Visiteuren. Am zweeten Ofschnëtt war d’Victoria du besser am Match, ma d’Gäscht hunn a Persoun vum Hassan a Van den Kerkhof endgülteg den Deckel dropgemaach.
Bei der Partie tëscht Déifferdeng an der Jeunesse kruten iwwer 1000 Spectateuren ee serréierte Match gebueden, deen um Enn mat 1:0 un d’Haushäre gaangen ass. No 12 Minutte konnt de Cabral d’Féierung fir seng Faarwe markéieren, op déi d’Jeunesse wéinst enger gudder Déifferdenger Defense de ganze Match iwwer keng Äntwert fonnt huet. D’Lokalekipp steet domat weider op der 5. Plaz an huet gutt Chancen op déi international Plazen.
Nidderkuer ass zu Péiteng beim 0:0 de véierte Match hannerteneen ouni Victoire bliwwen a verléiert weider u Buedem op Diddeleng. Duerch dëse Remis huet sech d’Avance vun Nidderkuer op déi fënneft Plaz op zwee Punkte verklengert.
De Swift Hesper hat keng Problemer mat Rodange a konnt sech um Enn duerch Goler vun Teixeira a Philippe mat 2:0 duerchsetzen. Déi Rodanger hunn no enger rouder Kaart fir de Rakic bal 70 Minutten zu 10 misse spillen. Hesper kënnt doduerch op ee Punkt un Nidderkuer op der zweeter Plaz erun.
Beim Duell tëscht der Etzella an Hueschtert konnt d’Lokalekipp um Enn ee wichtegen 1:0-Succès am Ofstigskampf feieren. An der 5. Spillminutt huet den Hemkemeier seng Faarwen a Féierung bruecht, wouropshin de Match relativ zéi ginn ass. Um Enn haten déi Hueschterter deem näischt méi entgéintzesetzen a mussen eng batter Defaite verkraaften, woumat si op der 13. Plaz bleiwen.
D’Fola ass duerch ee Selbstgol vum Dachelet an ee Gol vum Diallo bannent zwou Minutten géint Wolz mat 2:0 a Féierung gaangen. Dem Ibrahimovic säi Gol konnt déi Wëlzer Néierlag net méi verhënneren, soudass de Match mat 2:1 op en Enn gaangen ass.
Fir Munneref gouf et iwwerdeems doheem eng knapp 2:3-Defaite géint de Stater Racing.
Stroossen hat doheem keng Problemer géint den Tabelleleschten aus Hamm a konnt eng souverän 4:0-Victoire feieren, wat gläichzäiteg den definitiven Ofstig fir Hamm bedeit.