DammefuttballDem Racing feelt just nach eng Victoire fir Champion ze ginn

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war den 23. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
© Archiv

Eng kloer 5:1-Victoire gouf et fir den Tabelleleader Racing zu Dikrech. Duerch den 2:2-Remis tëschent dem Tabellenzweete Mamer a Beetebuerg, huet de Racing elo 7 Punkten Avance op Mamer.

Bei 3 Matcher, déi nach musse gespillt ginn, huet de Racing domadder e grousse Schratt a Richtung Championstitel gemaach.

Back to Top
CIM LOGO