Et bleiwen nach vill Froen opDen 21. Juni ass den Optakt vun de European Games zu Krakau

RTL Lëtzebuerg
No Baku 2015 a Minsk 2019 ass den 21. Juni zu Krakau den Optakt vun den 3. European Games. D'Preparatioune lafen den Ament op Héichtouren.
© ARTUR WIDAK / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Déi offiziell Erëffnungszeremonie ass a 70. Deg. Krakau war déi eenzeg Stad, déi eng Kandidatur fir dës Editioun gestallt hat. Deemno ass zanter 4 Joer koer, datt déi europäesch Kontinetalspiller a Polen sinn.

Dës Woch konnt den Directeur Technique vum COSL Raymond Conzemius sech op der Plaz Bild dovu maachen, wéi et den Ament mat de Virbereedungen ausgesäit. Ma op déi vill Froe déi et goufen, goufen et et net allze vill Äntwerten. “Mir waarden nach op vill Äntwerten op prezis Froen vun de verschiddenen Delegatiounen. D’Manuels Techniques vun de Sportaarte sinn elo eraus komm, esou datt een do awer elo een Abléck huet.”, sou de Raymond Conzemius. Ronn 7.000 Athlete kämpfen an 30 Sportaarten ëm Medailen. Aus Lëtzebuerger Siicht dierften eng 20 Sportler mat dobäi sinn. Déi meescht Sportaarte sinn zu Krakau selwer. Dernieft ginn et awer nach aner Sitten, déi bis zu 100 Kilometer ewech leien. Dat mécht déi ganz Organisatioun fir déi verschidden Delegatiounen net méi einfach. “Den Transport ass eng Fro déi opsteet. Et wëll ee sécherstellen, datt een iwwerall gutt hi kënnt. Eng aner Fro ass déi vun den Akkreditatiounen, fir den Encadrement vun eise Sportler sécherzestellen. Et geet och em d’Ënnerbréngung vu Leit, déi net direkt am Athletenduerf kënne wunnen.”

Eng Fro déi dem Raymond Conzemius no och nach opsteet ass déi, ob russesch respektiv belarussesch Athleten bei de European Games dierfen untrieden oder net.

Back to Top
CIM LOGO