Den 8. Februar d’nächst Joer sinn nees véier fréier Toppstaren am Centre Atert zu Bartreng am Asaz, déi dann nees fir de gewinnte Spektakel solle suergen.
Mam Mansour Bahrami an dem Mats Wilander sinn zwee bekannte Gesiichter nees mat dobäi. Donieft ginn et awer och mam David Ferrer an dem Tommy Haas zwee Spiller, déi fir déi éischte Kéier zu Bartreng wäerten untrieden. Déi véier Spiller waren och schonn fir d’Editioun 2020 ageplangt, déi duerch d’Pandemie huet missen ofgesot ginn.