Highlights vum Match am VideoDen Alcaraz klappt den Djokovic a séchert sech den Titel zu Wimbledon

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg ass et zu Wimbledon zu der Finall tëscht dem Novak Djokovic an dem Carlos Alcaraz komm.
© AFP

Hei konnt de jonken Alcaraz sech an engem spektakuläre Match um Enn mat 3:2 (1:6, 7:6, 6:1, 3:6, 6:4) géint den 23-fache Grand-Slam-Gewënner Djokovic duerchsetzen. Et ass den zweete Grand-Slam-Titel fir den Alcaraz, dat bei senger 10. Participatioun.

Am éischte Saz sinn dem Djokovic direkt zwee Breaks gelongen, woumat et no kuerzer Zäit scho 5:0 aus Siicht vum Serb stoung. Den Djokovic konnt dee Saz soumat no just 35 Minutte mat 6:1 fir sech entscheeden.

Am zweete Saz huet d’Finall du gehalen, wat si versprach hat. No bal annerhallwer Stonn konnt den Alcaraz duerch eng 7:6(6)-Sazvictoire ausgläichen. Den Djokovic hat virdrun 15 Tie-Breaks bei Grand Slams hannertenee fir sech entscheede kënnen.

Den drëtte Saz gouf du vum jonke Spuenier dominéiert, deen dem Djokovic mat 6:1 keng Chance gelooss huet an no dräi gespillte Stonnen mat 2:1 a Féierung gaangen ass.

Am véierte Saz huet sech de Spectateuren um Centre Court an dëser Finall nees en anert Bild gebueden. No knapp enger Stonn huet et 6:3 fir de siwefache Wimbledon-Gewënner geheescht, woumat et zum fënneften an decisive Saz komm ass.

Hei ass dem Alcaraz direkt am Ufank e Break gelongen, woumat hien de ganze Saz iwwer a Féierung louch. Déi huet hie sech bis zum Enn dunn och net méi huele gelooss, soudass de Spuenier de Saz mat 6:4 gewënnt a sech no 4 Stonnen a 46 Minutten den Titel séchert. Fir den Djokovic ass et iwwerdeems déi éischt Néierlag um Centre Court zu Wimbledon zanter 10 Joer.

Wimbledon: Highlights vun der Partie Alcaraz-Djokovic
De jonken Alcaraz konnt sech an enger enker a spannender Finall géint de Routinier Djokovic duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO