Aachtelsfinallen an der Europa LeagueDen Anthony Moris trëfft mat der Union Saint Gilloise op Union Berlin

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goufen zu Nyon an der Schwäiz d'Aachtelsfinalle vun der Europa League ausgeloust.
© Val Wagner

De Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris spillt mat der Union Saint Gilloise géint Union Berlin. Den Allersmatch ass den 9. Mäerz. An deenen anere Matcher spillt den FC Sevilla géint Fenerbahçe, d’Juventus kritt et mat Freiburg ze dinn, Leverkusen spillt géint Ferencvaros, de Sporting krut Arsenal zougeloust, Manchester United kritt et mat Betis Sevilla ze dinn, d’AS Roum muss géint Real Sociedad untrieden an Donetsk spillt géint Feyernoord.

Back to Top
CIM LOGO