Miami OpenDen Carlos Alcaraz ass den neie Stär um Tennishimmel

Tom Hoffmann
De Spuenier huet net nëmmen d’Miami Open géint den Norweger Casper Ruud gewonnen, mee steet zanter e Méindeg op der 11. Plaz an der Tennis-Weltranglëscht.
© RTL

De Numm Carlos Alcaraz kenne warscheinlech déi mannst. De spueneschen Tennisspiller huet e Sonndeg mat nëmmen 18 Joer säin éischte groussen Titel am Härentennis bei de Miami Open gewonnen an ass domat dee jéngste Spiller an der Geschicht vun dësem Tournoi, deem dat gelongen ass.

Et war eigentlech nëmmen eng Fro vun der Zäit bis dat spuenescht Talent aus El Palmar säin éischten Titel op der grousser Tennisbün géif feieren. Am Ufank vun dëser Final hat et awer net duerno ausgesinn, well de Casper Ruud relativ séier mat 3-0 am Avantage louch.

Den Alcaraz war trotz allem voller Confiance. An dësem Kalennerjoer huet hie bis dato nëmmen zwee Matcher verluer a mat dëser Statistik am Hannerkapp huet hien dësen éischte Saz nach gekippt.

Béid Spiller hunn awer Tennis vun engem ganz héijen Niveau gewisen, mee den Alcaraz, dee bei den US Open d’lescht Joer sensationell de Sprong an Halleffinall gepackt huet, war am zweete Saz de bessere Spiller um Terrain.

Virun allem wéi cool de jonke Spuenier bei sengem éischte Matchball no 1 Stonn a 50 Minutte bliwwen ass, ënnersträicht seng Klass, deen um Wee bis an d’Final dräi Top-10-Spiller eliminéiert huet. Mat dësem Succès ass den Alcaraz bei dësem ATP Master Tournoi zu Miami dee jéngsten, an an der Tennisgeschicht deen drëttjéngste Spiller, dee jeemools e Masters-Titel gewonnen huet. Just de Michael Chang an de Rafael Nadal ware méi jonk.

An esou wéi den aktuelle Rekord Grand-Slam Gewënner getwittert huet, ass dat do warscheinlech een Titel vu villen.

Back to Top
CIM LOGO