
Um Enn huet sech den CSL de Succès mat 16.553 Punkten virum CAB (15.878 Punkten) an der Fola (15.332 Punkten) geséchert. Iwwer 110 Meter Hecken huet sech den CSL-Athlet François Grailet an enger Zäit vu 14 Sekonnen an 72 Honnertstel viru sengem Teamkolleeg Claude Godart duerchgesat.
De Bob Bertemes vum CAB konnt sech wéi erwaart am Bommstoussen an am Diskus déi éischt Plaz sécheren. D’Fola huet béid Staffelen iwwer 4x100 Meter a 4x400 Meter gewonnen.
1 CSL 16.553 Punkten
2 CAB 15.878
3 FOLA 15.332
4 CELTIC 14.242
5 CAD 13.651