Dammen NationalekippDen Dan Santos iwwert déi zwee Quali-Matcher géint Nordirland an England

RTL Lëtzebuerg
E Freideg steet fir d'Rout Léiwinnen hiren zweetleschte Match an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft an Australien an Neiséiland virun der Dier.
© Val Wagner

Den Dan Santos iwwert d’Campagne vun de Roude Léiwinnen

Géint Nordirland, déi och op der EM an England mat dobäi waren, gouf et am Allersmatch an am éischte Match vun der Campagne auswäerts eng 0:4-Defaite. Den Nationaltrainer Dan Santos wëll sech géint d’Nordirinnen net verstoppen, a wëll momentan och nach net un de Match géint England denken:

“Mir wëssen, datt et ganz schwéier wäert ginn, mä mir wäerte probéieren, wéi dohannen och schonn, phaseweis mat ze spillen. Och wa mir dann deen een oder anere Gol geschoss kréien, dat huelen ech dann op meng Kap. Mir wëlle futtballeresch ee Schratt weiderkommen, fir ze kucken, wou mir par rapport zu virun engem Joer stinn. D’Spillerinne wëssen, datt mir net iwwer England schwätze bis nom Match géint Nordirland.”

Véier Deeg drop geet et da géint den Europameeschter aus England an dat virun 30.000 Spectateuren am ausverkaafte Stadion vu Stoke City. Fir d’Englännerinnen ass et déi éischte Kéier, datt si sech mat der Coupe virum heemesche Publikum weisen:

“Natierlech ee grousst Erliefnis fir jiddereen. Ech hoffe just, datt et ee positiivt Erliefnis gëtt fir eis, datt mir eis do gutt a besser schloe wäerte wéi am Stade de Luxembourg. Och wa mir wëssen, datt et fir si ee Galamatch wäert sinn, wou si hir Coupe wëlle presentéieren a wäerte vun der éischter bis zur leschter Sekonn, wéi hei och, alles gi fir Goler ze schéissen a sou vill wéi et geet. Mir wäerte probéieren, et sou gutt et geet ze verhënneren.”

Et sinn déi zwee lescht Matcher vun dëser Campagne. Mat néng Punkte steet Lëtzebuerg op der 4. Plaz am Grupp D. Ee Resultat mat deem den Nationaltrainer zefridden ass:

“Virun der Campagne wäre mer frou gewiescht, wa mir een oder zwee Punkte gehat hätten. Lo hu mir der néng, wat wierklech eng ganz gutt Campagne ass. Mir wëllen eis lo déi zwee lescht Matcher sou gutt wéi méiglech verkafen, fir mat engem positive Bilan opzehalen. Natierlech ee globale Bilan, well mir wëssen, datt mir an England lo net wäerte gewannen. Mir wëlle global gutt ophalen. Fir eis éischt Campagne fannen ech, datt d’Spillerinnen dat ganz gutt gemaach hunn an ee gutt Bild gewisen hunn.”

Lass geet et e Freideg um Escher Gaalgebierg um 18.30 Auer mam Match géint Nordirland. Dëse kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken. De Match géint England gëtt e Méindeg um 20.30 Auer ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO