
Den däneschen Futtball-Nationalspiller Christian Eriksen, dee leschte Summer bei der Futtball-Europameeschterschaft zesummegebrach war an nach um Terrain huet musse reaniméiert ginn, war e Méindeg erëm eng éischte Kéier am Asaz. Dat fir seng nei Ekipp vu Brentfort, nodeems säi Kontrakt bei Inter Mailand opgeléist gouf. Spiller mat engem implantéierten Defibrillator dierfen an Italien nämlech net an der éischter Liga spillen.
Hien huet beim Testmatch vum FC Brentford géint Southend United eng Stonn gespillt an huet bei der 3:2 Victoire och eng Virlag bäigesteiert.