
Den Dino Toppmöller war fir d’lescht als Co-Trainer vum Julian Nagelsmann bei Bayern München aktiv. Elo packt hien dann de Sprong op de Cheftrainer-Stull vun engem Bundesliga-Veräin an ersetzt hei den Oliver Glasner.
Seng Karriär huet sou richteg ugefaange beim F91 Diddeleng, wou hien d’Fussballschoul geleet huet, an Trainer vun der 1. Ekipp war. No enger kuerzer Statioun an der Belsch, huet den Nagelsmann hien a säin Trainerteam bruecht. Fir d’éischt op Leipzig, duerno goung et weider bei Bayern München.