WM-QualifikatiounDen Diogo Pimentel an de Yvandro Borges fir déi éischte Kéier am Kader

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Rendez-vous ass den 1. September géint den Aserbaidjan dëst am neie Stade de Luxembourg.
1. Selektioun fir Pimentel an Borges
E Mëttwochmoie war um Siège vun der FLF zu Monnerech d’Pressekonferenz vum Nationaltrainer Luc Holtz am Virfeld vun de Qualifikatiounsmatcher fir d’WM 2022.

Am spéide Mëttwochmoie war um Siège vun der FLF zu Monnerech d’Pressekonferenz vum Nationaltrainer Luc Holtz am Virfeld vun de Qualifikatiounsmatcher fir d’Weltmeeschterschaft 2022.

Nei am Kader ass de 24 Joer jonken Diogo Pimentel vun der Fola, dee viru kuerzem eréischt, déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut. Den Yvandro Borges vu Borussia Mönchengladbach ass mat senge 17 Joer, och fir déi éischte Kéier selektionéiert ginn.

Luc Holtz iwwert den Diogo Pimentel an de Yvandro Borges

Blesséiert sinn de Vincent Thill an de Lars Gerson. De Vahid Selimovic ass och net 100% fit.

De Maxime Chanot ass fir den éischte Match gespaart. Hien ass awer am Kader.
Et si 25 Spiller op der Lëscht vum Nationaltrainer. De Marvin Martins, dee liicht ugeschloen ass, riskéiert, net vu sengem Veräin Austria Wien fräigestallt ze ginn.

D’Rout Léiwe spille bannent enger Woch an der WM-Qualifikatioun géint Aserbaidjan, Serbien a Katar. Den éischte Match gëtt hei heem am neie Stadion gespillt. Géint Aserbaidjan stinn d’Chancë fir den Nationaltrainer Luc Holtz 50/50.

Well och dat eng Ekipp ass, déi sech weiderentwéckelt huet an ee gewësse System spillt. Och si hunn de Serben d’Liewe ganz schwéier gemaach. Dat gëtt keng einfach Noss, mee mir probéieren, déi awer ze knacken”, sot de Luc Holtz.

Pressekonferenz vum Luc Holtz / Reportage Rich Simon

D’Virfreed op den neie Stadion ass natierlech do. De Luc Holtz versteet awer net, datt wéinst Corona nëmmen 2.000 Leit duerfe mat dobäi sinn.

“Ech perséinlech hunn immens Problemer domadder, ze soen, wou ass de Problem, wa mir 10.000 geimpften oder geteste Leit an de Stadion loossen? Virun zwee Deeg sinn ech mäi Bouf op d’Schueberfouer siche gaangen an déi war schwaarz vu Leit. Et muss ee mir erklären, wou do nach eng Logik ass? Natierlech freeë mir eis, am neie Stadion ze spillen! Ech hätt awer gäre gehat, wa mir deen hätte kéinte voll maachen. Et si schonns X-Kanner bei mech komm, déi gefrot hunn, fir nach Ticketen ze kréien. Mir huelen deene Leit déi Freed, déi mir villäicht kënne genéissen. Wa mir de Match gewannen, sinn ech glécklech. Ech géif dat awer gäre mat de Leit deelen. Notamment mat de Kanner”, sou de Luc Holtz weider.

De 4. September spillt d’FLF-Formatioun auswäerts a Serbien. 3 Deeg drop geet et dann doheem géint de Katar. Dëse Match zielt jo net offiziell zur Qualifikatioun.

Back to Top
CIM LOGO