Eng Odyssee op 16 PattenDen Documentaire "The Law of 3"

RTL Lëtzebuerg
Et war den drëtten Versuch vum Raphaël Fiegen senger Aventure, de legendären Kungsleden ze bezwéngen.

Nodeems dat 2016 an 2019 net geklappt hat an et tëscht 2020 an 2021 wéinst der Pandemie net méiglech war, war et 2022 déi lescht Chance fir de Raphaël a seng Schlittenhënn.

Nieft den Schwieregkeete wärend der Preparatioun vun der Expeditioun huet och de Klimawandel d’Planung vun der exzeptioneller Aventure net vereinfacht.
Ma trotz all den Obstakelen hunn de Raphaël, seng Hënn a seng Equipe den Challenge eng drëtte Kéier op sech geholl, fir bei -35°C duerch déi skandinavesch Äis-Wüüst ze kommen.

An dësem Documentaire vum André Coste begleede mir den Extremsportler op sengem haarde Wee duerch déi spektakulär Natur um Kungsleden.

Back to Top
CIM LOGO