
De 25 Joer ale Futtballspiller stoung beim Match géint Mafra an der zweeter portugisescher Liga als lénke Baussen-Defenseur an der Startopstellung.
Et sollt allerdéngs net gutt lassgoen, fir Vilafranquense. Direkt an der 6. Minutt haten d’Gäscht vu Mafra den 1:0 markéiert an nëmmen 9 Minutten drop louchen d’Gäscht scho mat 2:0 vir. Ma Vilafranquense konnt duerch Goler an der 31. an der 42. Minutt nach an der éischter Hallschent ausgläichen.
An der 52. Minutt war et alt nees Mafra, déi de Gol fonnt haten, sou dass den neie Score 3:2 fir d’Gäscht war. Eng Hallef Stonn drop hunn d’Haushären dunn nees ausgeglach. An deene leschte gutt 10 Minutte sollt näischt méi passéieren, esou dass den Eric Veiga mat Vilafranquense doheem mat 3:3 géint Mafra gläichspillt.
De Lëtzebuerger huet de ganze Match duerchgespillt.