
No hiren Néierlagen an de respektiven Optaktmatcher hunn Argentinien a Südafrika um Freideg 2:2 gläichgespillt. “La Albiceleste” sinn awer no engem 0:2-Réckstand nach erëmkomm, konnten an der 2. Hallschent a kuerzer Zäit 2 Goler an domadder den Ausgläich maachen. Béid Ekippen hunn elo awer schlecht Aussiichten, wat ee Weiderkommen am Grupp G ubelaangt. Schweden an Italien sinn do virop.
Nom knappen 1:0 géint Haiti huet den Europameeschter England och géint Dänemark nees ee knappt Resultat gemaach. Eng méiglecherweis uerg Blessur um Knéi vun der Schlësselspillerin Keira Walsh huet déi englesch Victoire awer e bëssen an de Schied gestallt.
China krut eng rout Kaart no enger hallwer Stonn. Haiti konnt awer an der 1. Hallschent net vum Spill an Iwwerzuel profitéieren. Déi chineesesch Ekipp huet an den zweete 45 Minutten awer den 1:0 iwwer Eelefmeter gemaach. Domadder iwwerhëlt China Dänemark an der Grupp D an ass den Zweeten hannert England.
Argentinien-Südarika 2:2
0:1 Motlhalo (30'), 0:2 Kgatlana (66'), 1:2 Braun (74'), 2:2 Nunez (79')
England-Dänemark 1:0
1:0 James (6')
China-Haiti 1:0
1:0 Wang Shuang (73')