No der Ära Flavio BeccaDen F91 Diddeleng muss sech nei opstellen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Serie-Champion am nationale Futtball huet d’Zäit no der Ära Flavio Becca agelaut. Dat mat manner Suen a méi Nostalgie.
© pressphoto Archiv

Nei-Opbau zu Diddeleng/Reportage Jeff Kettenmeyer

Erfolleg mécht beléift, ma awer op d’mannst genau sou onbeléift, dëst huet den F91 Diddeleng wéi keen anere Futtballveräin am Land déi lescht 20 Joer gelieft.

Zanter dem Joer 2000 gouf d’Ekipp aus der Forge du Sud 15 Mol Lëtzebuerger Champion.

Zäiten ännere sech, sou och zu Diddeleng. De Flavio Becca huet säin Engagement op Hesper verluecht an den F91 geet nei Weeër, deelweis souguer op dee sou dacks gefuerderte Wee iwwer Jugendspiller aus dem Centre de Formation. Wéi ee mat der neier Zilsetzung ëmgeet, wäerten déi nächst Wochen a Méint weisen.
Ech mengen, et ass immens motivant, een neie Projet unzegoen a fir eis ass et d’Zil, als éischt ee gudde Grupp vu Spiller zesummenzekréien an eis da mat der éischter Ekipp an der BGL Ligue z’etabléieren. Mir schwätzen elo guer net vun Titelen.”, betount den F91-President Romain Schumacher.

Den neie Responsabele vun der Futtballschoul Arno Bonvini an den neien Trainer vun der éischter Ekipp Carlos Fangueiro sollen och op de Wee vun enger optimaler Zesummenaarbecht goen. De Romain Schumacher sengersäits bleift den Ament President, kéint sech awer ee Changement virstellen.

Ech mengen de Futtball zu Diddeleng ass et viru mir ginn a wäert et och no mir ginn, dofir muss ee sech selwer do net ze wichteg huelen. Op der aner Säit sinn ech iwwert all déi Joren een Diddelenger ginn. Ech gesi mech wuel net fir éiweg un der Spëtzt als President, ech hunn dat elo laang genuch gemaach. Mä ech gesi mech awer och, de Fall gesat mir setzen eng aner Persoun un d’Spëtzt, weider am Comité, fir matzeschaffen, de Veräin op déi richteg Spuer ze kréien.

Den F91 Diddeleng war an der Saison, déi ofgebrach gouf, just op der 5. Plaz a wäert deemno net an enger europäescher Competitioun dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO