
Wéi déi spuenesch Zeitung “El Mundo” schreift, mussen d’Katalanen him wéinst engem “Fidelitéitsbonus”, deen den Ex-President Josep Bartomeu akzeptéiert hat, nach 39 Milliounen Euro ausbezuelen.
Der “El Mundo” no rechnen Experten awer net domadder, datt de Messi dës Zomm an noer Zukunft kritt. De Veräin huet schliisslech Scholde vun iwwer enger Milliard Euro, déi just zu engem klengen Deel duerch d’Pandemie entstane sinn. Déi aktuell finanziell Situatioun vum Veräin wier nämlech virun allem wéinst dem “katastrophale Management” vum ale Virstand sou schlecht, sou den neie President Joan Laporta.
Dëst ass och de Grond, firwat de Lionel Messi net méi weider beim FC Barcelona spille kann, obwuel dat säi Wonsch war. “Strukturell a finanziell Virschrëfte” vun der spuenescher Liga verhënneren nämlech, datt de sechsfache Weltfuttballer beim spueneschen Top-Club weidermaache kann, sou huet et am Schreiwes vum Veräin geheescht.
Ob de Messi déi 39 Milliounen Euro iwwerhaapt ausbezuelt kritt, ass zu dësem Zäitpunkt nach onbekannt. Den Ament huet Barcelona nämlech souguer Problemer domat, fir hir nei Spiller bei der Liga ze registréieren, well si ze vill Pai un hir Spiller ausbezuelen.
Et kéint schlussendlech also dorop erauslafen, datt den Argentinier muss op d’Sue verzichten oder géint säin ale Club viru Geriicht zéien. Ob hien dee Schratt awer no sengem emotionalen Depart mécht, ass momentan nach net ofzegesinn. Am leschte Summer wollt de Messi jo vu sengem Veräin fort, de Josep Bartomeu wollt hien awer net goe loossen. Deemools huet hien du léiwer weidergespillt, wéi géint de Club viru Geriicht ze goen.