Schidsriichter-Feeler an der 1. Bundesliga Den FC Bayern München zu 12 um Terrain, Freiburg leet Protest an

Franky Hippert
Am Prinzip ass Futtball en Equippesport, bei deem 11 Spiller géint 11 aner Spiller untrieden.
© Thomas KIENZLE / AFP

E Samschdeg gouf et an der Partie vun der 1. Däitscher Bundesliga tëscht Freiburg an de Bayern, awer déi kuriéis Situatioun datt déi Münchener no enger Auswiesslung op eemol zu 12 um Terrain waren. No e puer Sekonnen ass dat Ganzt zwar opgefall. Ma wat géifen d’Reegelen hei zu Lëtzebuerg vu Konsequenze virgesinn, wann et esou e Fall hei am Land géif ginn.

12 Spiller um Spillfeld - Reportage Franky Hippert

De Feeler e Samschdeg ass geschitt, wéi den Arbitter-Quartett bei der Auswiesslung net opgepasst huet, seet de Charel Schaack, President vun der Arbitteschkommissioun bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun: “Eréischt wann den Auswiesselspiller, deen dee vum Terrain soll erofgoen erof ass, kritt de Spiller deen op den Terrain soll kommen eréischt den Ok. Hei ass dann e Feeler vum Arbitter.”

Déi do Situatioun gouf awer och begënschtegt, duerch déi nei Reegel am Futtball, datt de Spiller dee vum Terrain soll goen, datt net mei an der Mëtt bei de Bänke muss maachen: “D’Reegel ass, datt s de do muss erofgoen, wou et am Noosten ass fir keng Zäit ze vergeuden.”

Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dann och eng Prozedur wann dee Fall do opgetruede wär, seet de Charel Schaack: “Den Arbitter muss dat bei der nächster Spillënnerbriechung oder direkt soubal hien et mierkt d’Spill ënnerbriechen. Dann muss hien e Rapport maachen, an d’Verbandsgeriicht muss sech domat befaassen.”

Wat elo d’Konsequenzen uginn, ass et eng Co-Responsabilitéit tëscht dem Arbitter an dem Veräin deen de Spiller ze vill um Terrain hat: “Och de Veräi gëtt responsabel gemaach. Hei am Land géif d’Verbandsgeriicht de Fall ënnersichen an et kéint dann eng Forfait-Néierlag ginn, ausser et géif gesot ginn et wär esou kuerz gewiescht an et hätt keen Afloss op de Match gehat.”

Am Fall vum Match an Däitschland brauch den Arbitter Christian Dingert elo keng Konsequenzen ze fäerten, hie krut vu sengem Chef schonn de Réck gestäipt. Freiburg huet awer lo den Owend Protest ageluecht.

Back to Top
CIM LOGO