Accord fonntDen FC Chelsea soll un Investoregrupp ronderëm Todd Boehly verkaf ginn

RTL Lëtzebuerg
Den FC Chelsea huet e Repreneur fonnt, dee bereet ass ronn 5 Milliarden Euro fir de Club ze bezuelen.

Rieds ass vun engem Investoregrupp ronderëm den Amerikaner Todd Boehly, deen ënnert anerem och Matbesëtzer vum Baseballteam Los Angeles Dodgers ass.

De Futtballveräin wier sech mam Boehly iwwert d’Reprise eens ginn, dat fir eng Zomm vu 4,25 Milliarde Pond, wat ronn 5 Milliarden Euro sinn. De Kontrakt fir d’Iwwernam wier ënnerschriwwen. D’Vente soll Enn Mee finaliséiert ginn.

Elo mussen d’Premier League an déi brittesch Regierung hiren Accord ginn. Dat ass néideg, well d’Verméige vum fréiere Proprietär Roman Abramowitsch wéinst dem Krich an der Ukrain agefruer ass. D’Regierung wëll assuréieren, datt de russeschen Oligarch net vun der Transaktioun profitéiert. De Roman Abramowitsch hat verséchert 100% vum Erléis spenden ze wëllen. Dozou géif hien och nach ëmmer stoen.

An dësem Fall wieren dat ronn 3 Milliarden Euro. Déi aner 2 Milliarde sollen direkt an de Veräin investéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO