
Mat der 7:1 Victoire konnt den FC Déifferdeng 03 domat e weidere wichtege Schrëtt a Richtung Endronn vun der Champions League am Futsal maachen. Bei der Victoire géint d’Zypriote konnten iwwerdeems de Rejala (8' & 32'), den De Sa Lima Torres (13', 16 & 39') an den Teka (4' & 15') d’Goler fir hir Faarwe markéieren. Fir d’Zypriote huet de Goes (15') getraff.
E Samschde spillt de Lëtzebuerger Veräin iwwerdeems de leschten an decisive Qualifikatiounsmatch géint KF Tirana aus Albanien. Hei gëtt de Match um 20.45 Auer ugepaff.