
Mat der 13:0 Victoire konnt den FC Déifferdeng 03 domat den éischte wichtege Schrëtt a Richtung Endronn maachen. Bei der Victoire géint d’Nordire konnten iwwerdeems de Rejala (6' & 32'), den Oliveira Garrido (11'), den De Azevedo E Silva (11' & 36'), den De Sa Lima Torres (15' & 38'), de Martinez (18'), de Gomes Unjanque (22' & 36'), den Teka (26') an de Gouveia Costa (28' & 32') d’Goler fir hir Faarwe markéieren.
En Donneschdeg geet et fir déi Déifferdenger schonn an der Qualifikatioun weider, wa si géint den zypriotesche Veräin APOEL Nikosia spillen. De Match gëtt um 17 Auer ugepaff.
E Samschde spillt de Lëtzebuerger Veräin iwwerdeems de leschte Qualifikatiounsmatch géint KF Tirana aus Albanien. Hei gëtt de Match um 20.45 Auer ugepaff.