FuttballDen FC Schëffleng 95 ass an der Nationaldivisioun

Christophe Hochard
An hirer nach jonker Veräinsgeschicht spillt den FC Schëffleng 95 vun der nächster Saison un an der héchster Divisioun: der BGL Ligue.
FC Schëffleng 95 am Portrait
An hirer nach jonker Veräinsgeschicht spillt den FC Schëffleng 95 vun der nächster Saison un an der héchster Divisioun: der BGL League.

Et ass fir d’zweete Kéier, dass dem Club aus dem Süden dësen Exploit gelongen ass. An dëser Saison, der Saison 2022/23, huet d’Ekipp vum Trainer Ismael Bouzid 19 Matcher zu hire Gonschten entscheet. Nëmme 6 Partië gounge verluer a 4 Mol gouf gläich gespillt. Domadder huet den FC Schëffleng d’Saison als Tabellenéischten ofgeschloss. 64 Punkten hunn si um Kont. Dat sinn der 6 méi ewéi den Tabellenzweete Miersch.

D’Ekipp besteet souwuel als alen, erfuerene Spiller ewéi jonken Talenter. Fir d’Veräinsresponsabel ass et trotzdeem kloer, dass si sech musse verstäerken, fir net direkt no der éischter Saison nees aus der Nationaldivisioun erauszefalen.

D’éischt Ekipp spillt um fréieren Terrain vum “The National”. De Stadion an d’Alentoure sinn an d’Jore komm. Déi Responsabel vun der FLF ware mat de Gemengeresponsabel zesummekomm, fir sech alles unzekucken. Et ass wichteg, dass souwuel d’Tribün, d’Vestiairen, d’Beliichtung an den Terrain BGL brauchbar sinn. Hei muss d’Schëfflenger Gemeng investéieren.

Um leschte Spilldag gouf gutt a laang um Terrain gefeiert. Elo gëtt eng kleng Paus gemaach, fir duerno mat neier Energie déi nei Saison am Summer ze preparéieren.

Back to Top
CIM LOGO