
Den Sportminister Georges Engel an den Escher Buergermeeschter Georges Mischo haten eis jo scho gesot, datt d’Tennisfederatioun an den Tennis Club vun Esch nei Infrastrukturen um aktuelle Site zu Lalleng kréien.
De Claude Lamberty weess awer och aus Erfarung, datt ee bei esou engem Projet éischter Zäit verléiert, wéi gewënnt. Den President vun der FLT ass awer frou, datt een duerch Synergien tëscht der Federatioun an dem lokale Veräin e richteg flotten Tenniszenter kritt, deen den Uspréch gerecht gëtt, fir souwuel optimal Trainingskonditiounen ze hunn, wéi och national an international Kompetitioune wéi zum Beispill ITF-Tournoien, oder Davis Cup respektiv Fed Cup kënnen z’organiséieren.