Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDen Haag verléiert mam Dirk Carlson géint Almere

RTL Lëtzebuerg
Donieft ass Vilafranquense aus dem portugisesche League Cup eliminéiert, wärend Norwich City mam Danel Sinani eng wichteg Victoire feiert.
© AFP

An der zweeter hollännescher Liga huet ADO Den Haag sech missen mat 1:4 bei Almere geschloe ginn. Den Dirk Carlson ass an der 64. Minutt fir Den Haag agewiesselt ginn, déi no dëser Defaite mat 16 Punkten op der 17. Plaz bleiwen.

A Portugal ass Vilafranquense am Grupp F vum League Cup op BSAD getraff. Hei ass d’Ekipp mam Eric Veiga, deen de ganze Match gespillt huet, net iwwert en 0:0 erauskomm. Domat ass den Zweetligist aus der Competitioun eliminéiert.

Samschdeg

Um Samschdeg war den Danel Sinani mat Norwich City bei Swansea City op Besuch. Norwich stoung virum Match op der 6. Plaz vun der englescher Championship. D’Canaries ware schonn an der éischter Minutt duerch de Pukki a Féierung gaangen a konnten dës Féierung iwwer d’Zäit retten. De Sinani stoung an der Startformatioun a gouf an der 68. Minutt ausgewiesselt.

Nom 22. Spilldag läit Norwich mat 35 Punkten op der véierter Tabelleplaz, huet awer sechs Punkte Réckstand op d’Leadere Burnley a Sheffield.

Back to Top
CIM LOGO