
De Kovac war bis Januar Trainer vum AS Monaco. Mat Frankfurt hat de Kovac 2018 den DFB-Pokal gewonnen, mam FC Bayern München huet en dat Joer drop den Doublé geholl. Am November 2019 huet e musse beim däitsche Rekordchampion seng Saache paken, éier en dunn Trainer zu Monaco gouf.
De VfL Wolfsburg hat sech nom leschte Spilldag iwwerraschend vum Trainer Florian Kohfeldt getrennt.