
Fir de Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Olivier Thill ass et den Ament keng einfach Zäit. Obschonns de Brudder vum Sébastian a Vincent Thill um Kräizband an um Miniskus operéiert gouf, huet hien een neie Kontrakt iwwer 2 Joer bei Eyüpspor an der Tierkei ënnerschriwwen. Fir sech sou séier wéi méiglech ze erhuelen, schafft den 41-fachen Nationalspiller immens vill. Trotzdeem huet hien och emol Zäit fir aner Saachen.
No sengem Kräizbandrass Enn Mee ass den Olivier Thill mat der Reha amgaang. Säi Veräin Eyüpspor, wou hien an der Réckronn vun der leschter Saison schonn ausgeléint war, huet him an dëse schwéieren Zäiten een neie Kontrakt iwwer 2 Joer ginn. Een Zeeche vu Vertrauen, wat engem d’Reha e gutt Stéck méi einfach mécht. Fir nees séier um Terrain ze stoen, schafft den Olivier Thill immens vill.
“Mat der Blessur geet et elo virun. Ech maachen dräi Mol d’Woch de “Return to Sport"-Programm vum LIHPS an der Coque. Zousätzlech hunn ech 5-6 Mol d’Woch Kiné-Seancë beim Yannick Zenner a Luc Haas, wou och gutt geschafft gëtt. Ech spiere mäi Knéi vu Woch zu Woch besser. Dobäi maachen ech dann och nach Fitnessprogramm an e bësse Sauna fir Soinen. Mee am grousse Ganze sinn ech zefridde mam Verlaf vun der Blessur.”
Wann een esou laang ausfält, dann ass dat mental immens schwiereg ze verdauen. Wichteg ass et dann, dat richtegt Ëmfeld ze hunn, dat engem hëlleft, dës Zäit ze iwwerstoen.
“Et gi méi schéi Blessuren. Et dauert laang an am Ufank sinn net vill Progrèsen ze gesinn. Mee ech hu Famill doheem a Kolleegen, dat heescht ech kréien d’Zäit ëm. Ech profitéieren emol, eng Kéier fir vum Futtball ofzeschalten. Ech gi Weekends Matcher kucken. Ech genéissen d’Zäit och, mee et ass kloer net einfach, well de Futtball feelt.”
Obschonns den Olivier Thill Zäit huet, fir aner Matcher ze suivéieren, ass et him bis dato nach net gelongen, säin eelere Brudder Sébastien op Rostock kucken ze goen. Trotzdeem ass och do schonn eppes geplangt.
“De Seba konnt ech leider nach net kucke goen, et ass ëmmer eppes dotëscht komm. Mee lo an 2 Wochen, wa se doheem géint Magdeburg spillen, da fueren ech mat Kolleegen ee Weekend erop. Da kann ech endlech déi top Stëmmung am Stadion genéissen an ech hoffen, datt hien e Gol schéisst an datt si gewannen. Ech freeë mech schonn immens drop.”
No 5 Spilldeeg steet de Sébastien Thill mat Rostock mat 9 Punkten op Plaz 6 an der Tabell. Ier Hansa Rostock dann den 18. September géint Magdeburg spillt, geet et e Samschdeg dann emol fir d’éischt géint Karlsruhe.