Transfert offiziellDen Timo Werner spillt an Zukunft fir den FC Chelsea

RTL Lëtzebuerg
Den däitschen Nationalspiller huet beim Veräin aus der englescher Premier League e Kontrakt bis 2025 ënnerschriwwen.
© AFP (Archiv)

Aus dem internationale Futtball ass et um Donneschdeg d’Nouvelle, datt den Timo Werner vun RB Leipzig aus der Bundesliga bei den FC Chelsea an d’Premier League wiesselt.

D’Englänner sollen 53 Milliounen Euro fir den däitschen Nationalspiller bezuelt hunn. Mat engem Verdéngscht vun iwwer zéng Milliounen Euro wäert de Werner bei de “Blues” zu de bescht bezuelte Spiller zielen.

Back to Top
CIM LOGO