Enn vu Karriär ugekënnegtDen Toni Kroos spillt nach d'EM an dann ass Schluss

RTL Lëtzebuerg
Am Podcast "Einfach mal Luppen" huet den däitschen Nationalspiller Toni Kroos d'Enn vu senger Karriär ugekënnegt.
© AFP

De 34 Joer ale Mëttelfeldspiller vum Real Madrid spillt nach d’Futtball-EM an duerno hänkt hie seng Futtballschong un den Nol.

Dat huet hien am Podcast “Einfach mal Luppen” matgedeelt. En hätt laang driwwer nogeduecht, ma e wier an de leschten Deeg zur Iwwerzeegung komm, dass dës Saison seng lescht bei Real Madrid wier an fir hie kënnt just a Fro, seng Karriär bei Real ofzeschléissen.

Hie spillt elo nach den 1. Juni an der Champions-League-Finall géint Borussia Dortmund. Dat ass da säi 464. Match fir Real Madrid an dann och de leschten.

Well hien awer nach vum däitsche Bundestrainer Julian Nagelsmann fir de Kader vun der Futtball-EM nominéiert gouf, ass säi leschten Optrëtt um Futtballsterrain wuel am Trikot vun der däitscher Nationalekipp.

Back to Top
CIM LOGO