Äishockey: Franséisch D3Den Tornado steet an de Véierelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
Am Äishockey steet den Tornado an der drëtter Divisioun a Frankräich an der nächster Ronn vum Playoff.

Den Tornado huet sech e Samschdeg den Owend doheem mat 7:2 géint Mulhouse behaapt an domadder fir d’Véierelsfinall qualifizéiert. Géigner ass do d’Ekipp vun der Atlantikküst Anglet 2.
Den Allersmatch ass direkt den nächste Samschdeg op der Kockelscheier, ier den Tornado sech déi Woch drop op Anglet deplacéiere muss.

Back to Top
CIM LOGO