
Um leschte Spilldag koum et zu follgende Resultater an der Seat League.
Bei den Dammen:
Péiteng - Stengefort: 6 - 2
Spora - Diddeleng: 8 - 0
Bouneweg - Gréiwemaacher: 8 - 0
Schéiss - Houwald: 7 -1
Domadder steet d’Spora mat 19 Punkten an d’Schéiss mat 17 Punkten op de Plazen 1 an 2 a spillen e Samschdeg d’Finall ëm den Titel aus. Et kann ee sech also freeën, Toppspillerinne wéi Mandy Minella, Eleonora Molinaro, Claudine Schaul, Tiffany Cornélius, Marie Weckerle, Liz Badde ... e Samschdeg ze gesinn.
Ofgestige si Gréiwemaacher mat 4 an Diddeleng mat 1 Punkt. An d’Relegatioun muss Bouneweg.
Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.
Bei den Hären:
Jonglënster - Schëffleng: 2 - 10
Cap on Line - Péiteng: 6 - 6
Schéiss- Esch: 10 - 2
Houwald - Spora: 3 - 9
D’Spora huet déi ganz Virronn dominéiert a läit mat 21 Punkte souverän virun der Schéiss mat 15 Punkten. Béid Ekippe spillen dann e Samschdeg op der Schéiss d’Finall ëm den Titel. D’Bridder Tholl, de Gilles Kremer, de Raphael Calzi oder och de Charles Berna - Elittesportler si vertrueden a versprieche gudden Tennis.
Op den Ofsteigerplaze leien d’Cap a Jonglënster. Op der Relegatiounsplaz Péiteng.
Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.
https://www.rtl.lu/sport/tennis/results/hommes-n1
All d’Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.
