AG vun der Liichtathletik-FederatiounD'FLA gëtt sech méi professionell Strukturen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war déi uerdentlech Generalversammlung vun der Liichtathletik Federatioun.
© RTL Archivbild

Generalversammlung FLA / Reportage Rich Simon

Et wëll ee sech an Zukunft méi professionell opstellen an dofir goufen 2 Posten an der Federatioun ausgeschriwwen an och schonns besat.

Duerch méi eng professionell Approche wëll een och d’Struktur bannent der FLA änneren. D’Leit solle méi hire Stäerkten no agesat ginn. Ënnert anerem soll sech Directrice Technique, d’Marion Diehl, an Zukunft haaptsächlech ëm den LTAD, de Long Term Athlet Development, bekëmmeren an och ëm d’Organisatioun vu grousse Meetingen, déi d’Federatioun organiséiert. Déi maachen der Presidentin vun der FLA, der Stéphanie Empain, awer duerch d’Corona-Pandemie e bësse Suergen. Et kéint een déi kuerzfristeg verléieren.

Et kann een en Event maachen aus zwou Iwwerleeungen eraus: Eng Kéier aus sportlecher Iwwerleeung. Eng Kéier, fir de Sport ze pushen, fir Manifestatiounen op nationalem Territoire unzebidden. Op der anere Säit mat der Iwwerleeung, datt een domadder ee klenge Benefice kéint geréieren. Covid-Situatioun bezunn ass dat elo ganz schwéier ze soen. Ech gleewen nach, datt een déi laangfristeg verléiert. Et ass awer méi schwéier d´Sponsore bei der Staang ze behalen.

Fir Sponsore bei der Staang ze behalen, muss ee sech och no bausse besser duerstellen, huet d’Stéphanie Empain nach gesot. Hei kéint een och vun den aktuellen Top-Athlete vun der FLA profitéieren. Engersäits dem Charel Grethen an anersäits dem Bob Bertemes. Ëmmerhin déi zwee leschte Sportler vum Joer.

Datt mir zwee esou Aushängeschëlder hunn, ass engersäits flott fir Lëtzebuerg, awer och flott fir eis Federatioun. Mir léiere vill mat hinnen a sammele vill Erfarungswäerter. Et ass eng wansinneg Motivatioun fir déi jonk Athleten, déi hinnen noäiferen. Dat hëlleft eis déi nächste Generatioun opzebauen. Do baussen ass d´Visibilitéit fir eise Sport wansinneg ginn.

E Problem bei der FLA sinn déi ze mann Zuel u Jugen. Hei wëll een an Zukunft méi an d’Formatioun investéieren.

Back to Top
CIM LOGO