"D'Léiwinnen" - Deel 2 um FreidegD'FLF-Damme hu fir en historescht Joer gesuergt

RTL Lëtzebuerg
Si waren eng sportlech Iwwerraschung vun dësem Joer: d'Damme vun der Futtballnationalekipp.
Virschau: D'Léiwinnen - 2. Deel
Eng Virschau op den zweeten Deel vum Documentaire iwwer d’Dammennationalekipp am Futtball.

D’Rout Léiwinnen hu sech an den Retourmatcher vun hirer éischter offizieller WM-Qualifikatioun nach emol gesteigert. Um Enn gouf et nach zwou weider Victoiren. Den Tim Hensgen war d’Saison iwwer hannert de Kulissen dobäi a presentéiert Iech e Freideg den zweeten Deel vum Documentaire “D’Léiwinnen”.

Et war e Joer voller Emotiounen a virun allem de Mount Abrëll sollt fir d’Ekipp vum Dan Santos historesch ginn. D’Rout Léiwinnen hunn net nëmmen eng Kéier, mee gläich zwee Mol hannertenee gewonnen. Den 9. Abrëll huet d’Nationalekipp d’Partie géint Lettland no engem 0:2-Réckstand nach 3:2 fir sech decidéiert. 3 Deeg méi spéit gouf et en 2:1 op der Fola géint Nordmazedonien. 4 Goler koumen an deenen zwee Matcher vum Amy Thompson, déi no 5 Joer Blessur erëm hire Retour an d’Nationalekipp gefeiert huet.

Et gouf awer och Réckschléi. Enn Juni hätten d’Rout Léiwinnen och nach gären 3 Punkten aus Lettland mat heembruecht, mee zu Riga gouf et eng 0:1-Defaite. Mee schonn den nächste Match géint Nordirland huet gewisen, wéi positiv sech d’FLF-Formatioun entwéckelt hat. Géint d’Nummer 47 op der Weltranglëscht, Nordirland, gouf et just eng 1:1-Defaite. E Resultat, dat nëmme méiglech war wéinst dem gudden Zesummenhalt an der Ekipp.

D’Kiischt um Kuch gouf et de 6. September zu Stoke City viru 25.000 Spectateuren. D’Rout Léiwinnen hu géint d’Englännerinne wuel 0:10 verluer, mee sech beim Europameeschter Respekt verdéngt. Et war schlussendlech eng Campagne mat engem positive Bilan.

Am Februar waarden en Trainingslager an 2 Testmatcher op d’FLF-Formatioun. An och am Abrëll luet den Dan Santos op zwou weider Frëndschaftspartien an. D’Aarbecht geet weider.

Back to Top
CIM LOGO