BGL LigueD'Fola kënnt an Iwwerzuel net iwwert een 1:1 zu Nidderkuer eraus

RTL Lëtzebuerg
De F91 gewënnt um Enn kloer mat 3:0 géint Munneref. Hesper klappt Péiteng an Ettelbréck a Stroossen deele sech Punkten.
© Meris Muratovic

No de Victoirë vun Hueschtert, Hamm an der Jeunesse war et um Sonndeg d’Suite vum 21. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Hären.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Progrès Nidderkuer - Fola Esch 1:1
1:0 Tekiela (34'), 1:1 Hadji (86')

Fola spillt 1:1-Gläich géint de Progrès
Den Hadji schéisst an enger rasanter Schlussphas den Ausgläich fir d’Fola.

Béid Ekippe si gutt an de Match komm, ouni sech awer gréisser Chancen erauszespillen. An der 23. Minutt krut dunn de Ba op Säite vun Nidderkuer déi Giel-Rout Kaart gewisen. Ronn 10 Minutte méi spéit ass et der Lokalekipp dunn gelongen a Féierung ze goen. Mat engem schéine Solo huet den Tekiela d’Defense vun Esch stoe gelooss an esou de Gol markéiert. Trotz engem Mann manner war an der Paus d’Féierung fir de Progrés net onverdéngt. D’Fola konnt aus der Iwwerzuel näischt geféierleches maachen an ass déi eng oder aner Kéier un der Defense vun Nidderkuer hänke bliwwen.

Nom Säitewiessel huet d’Fola op den Ausgläich gedréckt, iwwerdeems de Progrès op Konterméiglechkeete gelauert huet. Kuerz viru Schluss ass dunn nach den 1:1 fir Esch gefall. No enger schéiner Flank vum Sacras ass de Stiermer vun der Fola Hadji zum Schoss komm an huet den 1:1 markéiert. Säin 21. Gol an dëser Saison. Bei dësem Resultat sollt et dann och bleiwen, d’Fola ass domat Leader an der BGL Ligue.

Union Titus Péiteng - Swift Hesper 0:1
0:1 Stolz (20')

Hesper kann duerch d'1:0-Victoire zu Péiteng de Retard an der Tabell op de Leader Fola op 5 Punkte verkierzen.

© Joel Sauber

F91 Diddeleng - US Munneref 3:0
1:0 Schaus (25'). 2:0 Nader (84'), 3:0 van den Kerkhof (89')

© Bob Leven

Una Stroossen - Etzella Ettelbréck 1:1
1:0 Bernardelli (35'), 1:1 Hemkemeier (65')

© Christophe Mersch

FC Wooltz 71 - FC Déifferdeng

Wéinst Coronafäll bei Wooltz war de Match ofgesot ginn.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO