
D’Fola erhéicht den Drock op Diddeleng an ënnermauert hir gutt Performance aus de leschte Matcher. D’Doyenne setzt sech mat 2:0 géint de Racing duerch. Béid Ekippen hunn an den éischte 45 Minutte versicht no vir ze spillen, mee et sollt kengem geléngen déi puer Chancen ze notzen. No der Paus huet d’Fola méi Drock gemaach a krut no engem Handspill vum Nakache en Eelefmeter zougesprach, deen de Jacquel zum 1:0 eragesat huet. Well de Racing zënter der 55. Minutt just nach zu 10 um Terrain stoung, hunn déi Escher ëmmer nees Golchancë gehat a konnten an der Nospillzäit de Sak zoumaachen.
Ettelbréck an Nidderkuer deelen d’Punkte bei engem 1:1. De Progrès war schonn an der drëtter Minutt duerch de Peugnet a Féierung gaangen an och an den nächste Minutten hat ee gemengt, dass d’Gäscht de Match kloer dominéieren. D’Etzella ass awer ëmmer besser an de Match komm an huet sech Golchancen erausgespillt a konnt duerch de Ferreira ausgläichen. An der zweeter Hallschent ass laang näischt geschitt bis de Progrès méi fir de Match gemaach huet. Nidderkuer hat wuel déi besser Chancen, konnt se awer net an e Gol ëmmënzen. D’Etzella séchert sech domat e wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig, Nidderkuer verléiert zwee Punkten am Kampf ëm déi international Plazen.
Wolz huet beim 6:0 um Cents beim RM Hamm Benfica näischt ubrenne gelooss an d’Chance genotzt, fir méi no un Ettelbréck erunzeréckelen. An der éischter Hallschent war et e Match op ee Gol. Wolz huet Drock gemaach, sech Golchancen erausgespillt an hat och méi Ballbesëtz. Doduerch waren d’Gäscht verdéngt mat 2:0 an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel war et dat selwecht Bild, d’Gäscht hunn de Ball dréine gelooss an nach véier weider Goler markéiert.