Déi Escher Fola huet en Donneschdeg hire Playoff-Réckmatch an der UEFA Conference League auswäerts bei Kairat Almaty am Kasachstan gespillt. No der 1:4-Defaite am Allersmatch hat de Lëtzebuerger Champion eng schwéier Aufgab viru sech. Um Enn sollt et leider net duergoe fir d’Doyenne aus dem Lëtzebuerger Futtball, et an d’Gruppephas ze packen, well och am Retourmatch gouf et eng Néierlag. Mat 1:3 huet ee verluer.
No 36 Minutte stoung et well 3:0 fir Almaty duerch ee Gol vum Vagner Love (28') an zwee Goler vum Artur Shushenachev (12', 36'). Eng Minutt virun der Paus konnt de Mirza Mustafic duerch ee flotte Schoss op 1:3 verkierzen. An der zweeter Hallschent si keng Goler méi gefall.