Nei wëssenschaftlech EtüdD'Futtball-EM 2020 soll zu Honnertdausenden Infektioune gefouert hunn

RTL Lëtzebuerg
An England, dat jo bis an d'Finall komm ass, soll d'Zuel vun den Infektioune besonnesch staark geklomme sinn.
© KIRILL KUDRYAVTSEV AFP

D’Futtball-Europameeschterschaft am Joer 2021 soll zu Honnertdausenden zousätzleche Corona-Infektioune gefouert hunn. Dat huet eng wëssenschaftlech Etüd erginn, déi elo publizéiert gouf. An 12 Länner, déi bei der EM matgemaach hunn, hätte sech eng 840.000 Mënschen zousätzlech mam Coronavirus infizéiert. De Gros dovun hätt sech allerdéngs net am Stadion ugestach, ma virun allem bei Public Viewingen a Caféen a Baren.

An England, dat jo bis an d’Finall komm ass, soll d’Zuel vun den Infektioune besonnesch staark geklomme sinn. De Reproduktiounstaux hätt sech op Deeg, op deenen déi englesch Ekipp gespillt huet, verdräifacht. A Schottland hätt den Taux sech esouguer vervéierfacht.

Back to Top
CIM LOGO