KatarD'Futtballweltmeeschterschaft soll den 20. November lassgoen

RTL Lëtzebuerg
Ufanks war kee richtegen Optaktmatch fir d'WM am asiatesche Wüüstestaat geplangt, mä dëst soll AFP-Informatiounen no geännert ginn.
© SID/MUSTAFA ABUMUNES

Amplaz vum Match Senegal géint Holland, soll elo Katar géint Ecuador den éischte Match vun der Weltmeeschterschaft ginn. Och d’Partie tëscht England an dem Iran wier nach virum éischte Match vum Katar gewiescht, wat eigentlech als Organisateur vum Turnéier den éischte Match hätt misse spillen. Dowéinst soll de gréisste Futtballturnéier net den 21. November, mä den 20. November lancéiert an déi al Traditioun vum Optaktmatch bäibehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO