
Mat enger chronescher Krankheet Sport maachen, ass fir vill Leit net virstellbar. Datt et awer geet, an dat esouguer um héchste Lëtzebuerger Niveau, beweist d’Liz Alliaume. Am Kader vum Spëtzematch tëschent Walfer a Mamer e Samschdeg den Owend hunn de Marc Burelbach an de Joé Feiereisen déi 26 Joer jonk Studentin méi genee ënnert d’Lupp geholl.