BGL LigueDiddeleng ass de Championstitel kaum nach ze huelen

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war de kompletten 29. Spilldag an der BGL Ligue. D'Meeschterschaft ass nach net decidéiert, Hueschtert spillt sécher am Barrage.
© RTL / Eugene Thommes

De Leader Diddeleng huet géint den RM Hamm Benfica näischt ubrenne gelooss an d’Ekipp vum Cents mat 7:0 heemgeschéckt. Schonn an der Paus stoung et 4:0 fir den F91, och wann et laang gedauert huet, bis Diddeleng den éischte Gol markéiere konnt. An der zweeter Hallschent huet Diddeleng dat néidegt gemaach an de Score nach no uewe geschrauft. Um leschte Spilldag geet dem F91 ee Punkt duer, fir sécher Champion ze ginn. Iwwerdeems huet um Sonndeg och de Carlos Fangueiro säi Kontrakt beim F91 verlängert.

Déi Escher Fola behält hir rechneresch Chance op de Meeschtertitel duerch en 1:0 zu Péiteng, huet awer och eng Plaz an der Conference League sécher. Et war an den éischte 45 Minutte eng ausgeglache Partie, wou béid Ekippe Chancen haten de Score opzemaachen. Den Diallo huet schonn an der éischter Hallschent mat enger Blessur den Terrain verloossen. Och nom Säitewiessel hu sech béid Formatioune Golchancen erausgespillt, mee et huet bis zur 73. Minutt gedauert, dass den 1:0 fale sollt. D’Fola krut en Eelefmeter zougesprach, deen de Mustafic verwandele konnt. Duerno huet d’Fola sech op d’Verteidege konzentréiert an de Match gewonnen.

Déifferdeng gewënnt mat 2:0 zu Ettelbréck. D’Leit aus der Cité du fer hunn direkt gutt ugefaangen a konnt no siwe Minutte schonn den 1:0 markéieren. Et huet ausgesinn, wéi wann déi Déifferdenger mat dësem Avantage zefridde wären a si hunn e Gank zeréckgeschalt. An der zweeter Hallschent huet Ettelbréck méi fir de Match gemaach a sech och Golchancen erausgespillt. An der Schlussphas krut den Déifferdenger Trainer Resende d’Rout Kaart gewisen, well hien eng Decisioun vum Arbitter kritiséiert hat. Nom Säitewiessel hat Déifferdeng déi besser Chancen, mee d’Prezisioun huet gefeelt, sou dass et bis zur Nospillzäit gedauert huet, bis den FCD03 den zweete Gol markéiere konnt.

Victoire vun Déifferdeng zu Ettelbréck
Den FC Déifferdeng 03 gewënnt mat 2:0 zu Ettelbréck an huet weider d’Chance an der Conference League ze spillen.

Hesper setzt sech am Gréngewald mat 3:1 géint Hueschtert duerch. No engem flotten Ufank wou Hueschtert gutt matgehalen huet an och duerch den Muric an Féierung hätte kéinte goen, ass hinnen mat der Zäit ëmmer méi Loft ausgaangen, sou dass den Swift ëmmer méi dominant ginn ass. Den Swift huet ëmmer méi gedréckt an ass och verdéngt an Féierung gaangen. Hueschtert huet sech vum Réckstand net méi erholl an dem Swift souguer nach duerch zwee Feeler zwee Goler virun der Paus geschenkt. Nom Säitewiessel huet Hueschtert en anert Gesiicht gewisen an huet verdéngt den Uschlossgol markéiert. Zu méi sollt et awer net duergoen an Hesper gewënnt um Schluss verdéngt.

De Progrès Nidderkuer setzt sech 2:1 géint Wolz duerch. Mat engem 1:0 fir d’Heemekipp goung et no engem Gol vum Mazure an d’Paus, wat och verdéngt war aus der Siicht vun Nidderkuer. Wolz huet zwar gutt Usätz gewisen, mee eng richteg Golchance hate si net. Nom Téi huet de Mazure säin zweete Gol vum Dag markéiert, Wolz huet de Match awer nach eng Kéier spannend gemaach a konnt duerch kuerz viru Schluss den 1:2 schéissen. Fir den Ausgläich sollt et awer net méi duergoen.

Munneref mécht duerch d’3:1-Victoire géint Rouspert de Verbleif an der BGL Ligue kloer. Rouspert huet gutt ugefaangen, mee konnt sech net belounen. Virun der Paus ass de Marques op Rousperter Säit vum Terrain gesat ginn a kuerz virun der Paus hunn d’Haushären den 1:0 markéiere kënnen. An der zweeter Hallschent huet Munneref séier den 2:0 markéiert an huet duerno de Gäscht d’Spill iwwerlooss. An de leschte Minutte ass op béide Säiten nach ee Gol gefall.

De Racing klappt den Noper vu Stroossen mat 6:1. An der éischter Véierelstonn vum Match huet de Racing dräimol markéieren a bis zur Paus nach op 5:0 erhéije kënnen. Stroossen huet an der éischter Hallschent eng desolat Leeschtung gewisen. An der zweeter Hallschent huet Stroossen méi fir de Match gemaach a konnt duerch en Eelefmeter den Éieregol markéieren, mee de Racing huet den alen Ecart nach eng Kéier kënnen hierstellen.

D’Jeunesse gewënnt mat 1:0 géint Rodange. Et war eng animéiert a fair éischt Hallschent, an där déi Escher fir d’éischt d’Initiativ ergraff hunn. Rodange huet sech an d’Partie eragebass an hat och Chancen opweises. An der zweeter Hallschent goung et weider mat ville Chancen op béide Säiten, um Enn waren et awer déi Escher, déi de Match fir sech entscheeden.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO