
Nidderkuer verléiert iwwerraschend 0:2 géint Stroossen. De Progrès hat am Ufank méi vum Match, mä d’Stroossen huet sech net verstoppt an och den direkte Wee no vir gesicht. Béid Ekippen hu sech Chancen erausgespillt, mä Stroossen konnt just duerch en Eelefmeter a Féierung goen. Nom Téi huet Nidderkuer an den éischte Minutte méi fir de Match gemaach, et war awer de Perez, deen an der 63. Minutt fir d’Gäscht op 2:0 erhéicht huet. Duerno huet Stroosse sech op d’Ofsécherung vum eegene Gol konzentréiert an dem Progrès net méi vill Méiglechkeete gebueden. Nidderkuer ass no dësem Match just nach Tabellenzweeten, well sech den F91 dräi Punkte géint Munneref séchere konnt. Fir Stroossen war et déi éischt Victoire an de leschte fënnef Matcher.
Am Nordduell tëscht Wolz an Ettelbréck hat de Ball schonn no e puer Sekonnen de Wee an de Filet fonnt. Nom 0:1 huet Wolz de Kommando iwwerholl, seng Chancen awer net genotzt. Kuerz virun der Paus huet d’Etzella den 2:0 markéiert. No der Paus huet Wolz méi fir d’Spill gemaach a konnt sech Golchancen erausspillen. An der 70. Minutt huet d’Lokalekipp den Uschloss markéiert an de Match war nees richteg spannend. An de leschte Minutten ass et héich hir gaangen, mam bessere Schluss fir d’Etzella. An dësem Match goung et fir béid Ekippen ëm villes, vu dass béid Formatioune virum Match op enger Relegatiounsplaz louchen.
Diddeleng setzt sech mat 2:1 géint Munneref duerch an ass nees Leader an der BGL Ligue. D’Ekipp aus der Forge du Sud konnt duerch hire Kapitän Mehdi Kirch an der éischter Hallschent a Féierung goen. Aus Diddelenger Siicht war u sech alles an der Rei, bis et an der Schlussphas op eemol nach eemol onnéideg spannend gouf. No enger giel-rouder Kaart fir de Ricky Delgado gouf et Eelefmeter fir Munneref. Hei konnt de Mohammed dann och ausgläichen. An der 81. Minutt huet den Hadji dunn awer nach emol fir den F91 markéiert an esou och fir d’Victoire gesuergt.