BGL LigueDiddeleng baut Avance op Nidderkuer aus

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng behaapt sech mat 1:0 géint Déifferdeng, d'Fola an d'Jeunesse gewannen héich an am Tabellekeller spillen déi direkt Konkurrente gläich.

Nodeems e Samschdeg de Progrès mat Hesper d’Punkte gedeelt hat, huet Diddeleng um Sonndeg mat enger Victoire géint den FC Déifferdeng 03 seng Avance an der Tabell ausgebaut.

Diddeleng gewënnt an Ënnerzuel mat 1:0 géint den FC Déifferdeng 03. An der éischter Hallschent gouf et am Spëtzematch vum 23. Spilldag just kuerz Opreegung, an zwar duerch eng Rout Kaart fir den Diddelenger Bettaieb an der 33. Minutt, Golchancë gouf et bal keng. Och an der zweeter Hallschent war et net déi erwaarte Spëtzepartie. Aus dem Näischt huet d’Lokalekipp an der 81. Minutt den 1:0 markéiert a bis zum Schluss gehalen.

F91 Diddeleng géint FC Déifferdeng 03
Diddeleng gewënnt mat 10 Spiller 1:0 géint Déifferdeng.

D’Escher Fola iwwerrennt den RM Hamm Benfica mat 5:0. D’Fola louch no 10 Minutte scho mat 2:0 a Féierung an no 35 Minutte mat 4:0. Mat deem Pauseresultat konnt den RM Hamm nach zefridde sinn. D’Fola hat an de leschte Wochen onkonstant Leeschtunge gewisen, mee um Cents hunn déi Escher koer dominéiert. Nom 0:5 ass d’Ekipp vun Hamm ausenee gefall an Esch konnt de Match kloer fir sech entscheeden.

D’Jeunesse Esch klappt d’Etzella däitlech mat 5:1. No der Féierung vun den Haushäre konnt Etzella duerch een herrleche Fräistouss vum Kramaric aus 25 Meter egaliséieren. An der éischter Hallschent gouf et vill Golchancen op béide Säiten. Nom Téi ass d’Jeunesse duerch en Eelefmeter nees a Féierung gaangen a konnt nach dräi Goler noleeën. Ettelbréck huet an der 90. Minutt nach en Eelefmeter verschoss.

En 1:1-Gläichspill gouf et am Kellerduell tëscht Hueschtert a Munneref, béid Ekippen hu just ee Punkt getrennt. Munneref war no enger Véierelsstonn a Féierung gaangen, Hueschtert konnt kuerz duerno duerch en Eelefmeter ausgläichen. Déi éischt Hallschent war vun immens ville Feelpassen a wéineg Spillfloss gepräägt. Och nom Säitewiessel war et eng zéi Partie an et ass beim Gläichspill bliwwen. Domat kréie béid Ekippen am 6-Punkte-Match just ee Punkt.

Wolz a Rouspert kommen duerch d’1:1-Remis an der Tabell net vun der Plaz. D’Gäscht waren no 10 Minutte duerch e Kappball no engem Fräistouss a Féierung gaangen, duerno war et iwwer wäit Strecken eng enttäuschend Partie vu béide Säiten. An der zweeter Hallschent war e bësse méi lass a béid Ekippe konnte sech Golchancen erausspillen. Wolz konnt no engem Eelefmeter an der 89. Minutt nach ausgläichen.

Rodange gewënnt mat 1:0 géint d’UNA Stroossen. An der éischter Hallschent hunn déi Rodanger den Toun uginn a sech eng sëlleg Chancen erausgespillt, mee de Stroossener Golkipp war ëmmer op der Héicht. Nom Säitewiessel louch de Ball am Gol vu Stroossen, en huet awer wéinst Abseits net gezielt. Béid Ekippen hu sech Chancen erausgespillt, et war awer d’Lokalekipp déi kuerz viru Schluss verdéngt a Féierung goe konnt.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO