No 0:1-Defaite um RacingDiddeleng dementéiert Entloossung vu Bertrand Crasson

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat Diddeleng fir de Kont vum 17. Spilldag an der BGL Ligue géint de Stater Racing mat 0:1 de Kierzere gezunn.
© Pressphoto (Archiv)

Direkt nom Match Racing géint Diddeleng ass um Verluerekascht zirkuléiert, datt den Trainer vum F91 Bertrand Crasson erausgehäit gi wär. De President vum F91 Diddeleng Romain Schumacher huet eis dat awer dementéiert.

De Crasson ass deemno, à ce stade, nach an der Forge du Sud op der Trainerbänk. De belschen Trainer hat den F91 am September 2019 iwwerholl.

Um Verluerekascht koum dem F91 net iwwer eng 0:1-Defaite géint d’Lokalekipp eraus.

Back to Top
CIM LOGO