
Op der Escher Grenz konnt d’Jeunesse in extremis géint Rodange gewannen an am Gréngewald huet Stroossen der Lokalekipp keng Chance gelooss.
Rouspert huet no enger staarker 2. Hallschecht géint de Progrès misse mat eidelen Hänn heemfueren a fir Diddeleng gëtt d’Loft no der Néierlag um Verluerekascht a punkto Gewënn vum Championnat dënn. E Sonndeg koum dann och d’Nouvelle, datt sech den F91 vum Trainer Bertrand Crasson getrennt hätt, allerdéngs huet de Veräin dëst dementéiert.
LINK: De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen
Péiteng - Fola 0:1
0:1 Bensi (30')
Esou furiéis wéi Péiteng an d’Saison gestart ass, esou moer falen d’Resultat no der Wanterpaus aus. Zanter 4 Spilldeeg waart een op Péitenger Säit op en Dräier, wougéint d’Fola an de leschte Matcher dacks de vollen Asaz krut. D’Ekipp vum Trainer Jeff Strasser wollt dann och net fir näischt op Péiteng reesen an am beschte Fall mat 3 Punkten heemfueren.
D’Ufanksphas war ausgeglach a keng Ekipp wollt fréi ze vill Risiko goen. Op der hallwer Stonn, e bësse géint de Spillverlaf, war et dunn awer den 1:0 fir d’Doyenne, dat no enger gudder Aktioun vum Stefano Bensi. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt seng Faarwe mat engem Schoss a Féierung bréngen. Dëse Gol huet de Péitenger net guttgedoen, hire Spillopbau huet ënnert dem Réckstand gelidden. 1:0 fir d’Gäscht an der Paus.
Nom Téi war et op engem knubbelegen Terrain e schwéiert Spill fir Péiteng, ouni den Abreu hat d’Lokalformatioun och am 2. Duerchgang net dat néidegt Duerchsetzungsverméigen, fir géint eng zolidd Defense vun der Fola eppes auszeriichten. Um Enn konnte sech déi Escher dann och viru ronn 200 Zuschauer behaapten an d’Tabelleféierung domat verdeedegen.
Racing - Diddeleng 1:0
1:0 Humbert (88')
Um Verluerekascht war den F91 Diddeleng beim Stater Racing op Besuch. No der batterer 2:3-Defaite vun Diddeleng an der Woch elo géint Nidderkuer wollt ee géint de Racing keng Punkte leie loossen. An den éischte 45 Minutten huet op Diddelenger Säit awer d’Prezisioun am Spill no vir gefeelt, Racing wosst iwwerdeems och net wierklech ze iwwerzeegen - logesch Konsequenz: 0:0 an der Paus!
D’Ongenauegkeete goungen op Säite vun Diddeleng dann och nom Säitewiessel virun 220 Spectateure weider. Dovu konnten déi Stater an der 88. Minutt profitéieren. Den Humbert huet dat ronnt Lieder mat engem Sonndesschoss am Joubert sengem Gol ënnerbruecht. Eng insgesamt, aus Diddelenger Siicht, enttäuschend Partie goung mat enger Victoire fir de Racing op en Enn.

Nidderkuer - Rouspert 2:1
1:0 Thill (10'), 2:0 Bastos (26'), 2:1 Biedermann (67')
D’Victoria Rouspert hat an der Woch mat engem 2:1 géint d’Jeunesse iwwerzeegt. Et hat ee sech och op d’mannst e Punkt zu Nidderkuer erhofft. De Progrès huet an der Ufanksphas awer kuerze Prozess gemaach an ass duerch Goler vun Thill a Bastos relativ fréi mat 2:0 a Féierung gaangen. Rouspert war deemno am 2. Duerchgang gefuerdert an huet och nom Säitewiessel, wéi een et vun hinne kennt, eng couragéiert Leeschtung gewisen. An der 67. Spillminutt huet de Biedermann d’Ekipp vun der Sauer dann och fir hir Beméiunge belount.
An der Schlussphas hunn déi Rousperter dunn nach eng Kéier aller probéiert, Nidderkuer ass mat Phasen an der Defense geschwommen, ma d’Ekipp vum Trainer Thomé konnt awer keen 2. Gol markéieren. E bësse glécklech war et dunn um Enn d’Victoire fir de Progrès.

Jeunesse - Rodange 2:1
1:0 Menessou (19'), 1:1 Larrière (21'), 2:1 Peugnet (90'+3)
D’Alarmglacken op der Escher Grenz liichten den Ament an alle Faarwen. E Sonndeg hat ee mat Rodange en onbequeme Géigner op Besuch, deen no de leschte Matcher mat Selbstvertrauen an d’Minettsmetropole gereest ass. D’Jeunesse konnt dann och mat engem Distanzschoss vum Menessou de Score opmaachen, krut awer just zwou Minutte méi spéit duerch den ablécklech ganz gudde Larrière den 1:1 kasséiert - dat war och d’Pauseresultat.
Virun iwwer 700 Spectateure goung et no der Paus weider. Op der Escher Grenz hat d’Lokalformatioun am 2. Duerchgang liicht Iwwerwaasser an esou konnt si sech quasi mat der leschter Spillaktioun fir d’Efforten an den zweete 45 Minutte belounen. No 9 Partien ouni Victoire kënnen déi Escher dann elo no dësem Gewënn géint den Opsteiger duerchootmen.

Ettelbréck - Déifferdeng 0:3
0:1 Leite Pereira (4'), 0:2 Buch (20'), 0:3 Vujinovic (56')
Hueschtert - Stroossen 1:5
0:1 Bernadelli (17'), 0:2, 0:3 Szimayer (59', 73'), 0:4, 0:5 Runser (78', 88'), 1:5 Yala Lusala (90')
Millebaach - Munneref 1:1
0:1 Natami (49'), 1:1 Bop (78')
