
E Sonndeg war et am nationale Futtball an der BGL Ligue d’Suite vum 3. Spilldag. Um Samschdeg huet sech ënnert anerem Hesper géint de Racing duerchgesat.
Dräi vu fënnef Matcher sinn um Sonndeg de Mëtteg an der Nospillzäit entscheet ginn, eng verréckte Schlussphas deemno op den Terrainen uechter d’Land.
D’US Hueschtert louch an der Owespartie wuel a Féierung, muss sech um Enn awer dem F91 Diddeleng mat 1:3 geschloe ginn. Den Ufank vum Match gouf vun der Lokalekipp vun Diddeleng bestëmmt, ouni awer Profit draus ze schloen. Hueschtert huet sech eragekämpft an huet sech mam 1:0 duerch de Bidon belount. Nom Säitewiessel krut souwuel den Diddelenger Ouassiero wéi och den Dédenon vun Hueschtert déi Rout Kaart gewisen, sou dass et 10 géint 10 geheescht huet. Nom Ausgläich vum Sinani (64') huet Diddeleng op d’Féierung gedréckt a ka sech zwee Goler vum Mango dann och belounen, sou dass den F91 Hueschtert mat 3:1 klappt.
Käerjeng gläicht a leschter Sekonn aus a spillt deemno 1:1 géint de Progrès Nidderkuer. Dobäi waren et d’Gäscht, déi virun allem an der 1. Hallschent eng enttäuschend Leeschtung gewisen hunn. D’Käerjenger Defense stoung kompakt an et war schwéier duerchzekommen. E puer Chancen hat de Progrès wuel, mee vun deene wéinege konnte se keng notzen. Och an deenen zweete 45 Minutte stoung Nidderkuer hannendran an hat keng Mëttelen, fir an der Offensiv fir geféierlech Aktiounen ze suergen. An der 1. Minutt vun der Nospillzäit huet Nidderkuer a Persoun vum Muratovic d’Féierung geschoss. Wou alles dono ausgesinn huet, wéi wann de Progrès de Match géif gewannen, huet an der 5. Minutt vun der Nospillzäit de Lopes zougeschloen an esou Käerjeng nach zu engem Punkt bruecht.
Eng weider spektakulär Schlussphas hu béid Ekippen zu Wolz gebueden. No enger staarker Leeschtung muss sech Wolz doheem dach däitlech mat 1:4 géint den Opsteiger vu Monnerech geschloe ginn. Wolz war iwwer wäit Strecken déi besser Ekipp, hat méi vum Match, ma Monnerech war extreem effizient. Nom Uschlossgol an der 82. Minutt vum Romeyns hat Wolz nach emol Hoffnung geschnaapt, ma de Mokrani an de Myre hu mat zwee Goler an der Nospillzäit fir d’Entscheedung zu Gonschte vu Monnerech gesuergt.
Munneref verléiert trotz enger 1:0 Féierung um Enn mat 1:2 géint d’Una vu Stroossen. Nom schéinen 1:0 vum Taarimte an der 21. Minutt ass an der 1. Hallschent net méi vill passéiert. An der Schlussphas huet Stroossen dunn nach emol opgedréint an huet nom 1:1 an der 80. Minutt duerch de Bernardelli an der 87. Minutt duerch de Gol vum Moding de Match komplett gedréint. Munneref konnt net méi reagéieren, sou dass d’Una 2:1 zu Munneref gewënnt.
Viru 652 Spectateuren huet Déifferdeng 1:1 géint Titus Péiteng gespillt. D’Féierung fir d’Lokalekipp huet emol keng 2 Minutten op sech waarde gelooss. Péiteng krut de Ball hannen net eraus an esou war et de Cabral, deen aus der Dréiung an der 2. Minutt d’Féierung fir Déifferdeng markéiere konnt. Péiteng huet dono taktesch ëmgestallt an ass besser an de Match komm. Alles an allem eng monter 1. Hallschent déi d’Spectateure gebuede kruten. No der Paus war Péiteng méi engagéiert a gewollt eppes um Score ze änneren, mee gelongen ass et hinnen net - bis d’Nospillzäit ugefaangen huet. Dunn huet Péiteng fir d’éischt een Eelefmeter laanscht geschoss, éier den Tekiela an der 94. Minutt dach nach den Ausgläich markéiere konnt.