
Fir d’Victoria gëtt et am drëtte Match deen éischte Punkt, wärend et fir d’Jeunesse deen zweete Punkt ass. Zu Rouspert gouf et een 1:1-Gläichspill, woubäi béid Formatiounen net wierklech iwwerzeege konnten. No 7 Minutte war et de Latic, dee seng Faarwen mat engem spektakuläre Volley a Féierung bruecht huet. An der Suite goufen et allerdéngs op béide Säite just nach wéineg Golchancen. Am Laf vum Match huet Rouspert ëmmer méi gedréckt an an der 88. Minutt dunn duerch de Spruds den Ausgläich markéiert, woumat déi schwaach Partie mat engem gerechte Remis op en Enn geet.
De Swift Hesper setzt sech am Spëtzematch verdéngt mat 2:0 géint de Racing duerch. Schonn no 3 Minutten ass de Swift no engem schéine Spillzuch duerch den Habbas a Féierung gaangen. De Racing hat zwar doropshin e puer Geleeënheeten an engem relativ intensive Match, konnt déi awer net notzen. Wéi de Racing dunn no ronn enger Stonn de Risiko erhéicht huet, huet de Swift a Persoun vum Philippe äiskal zougeschloen a fir d’Decisioun gesuergt. Wärend Hesper doduerch temporär op déi 1. Plaz spréngt, ass et fir de Racing déi éischt Néierlag vun der neier Saison.
D’Fola an d’Etzella trenne sech um Enn mat engem 0:0-Gläichspill. D’Fola huet de Match zwar dominéiert an déi Ettelbrécker konstant ënner Drock gesat, ma d’Etzella konnt de Remis awer iwwer d’Zäit bréngen, och well déi Escher an der Offensiv net zwéngend genuch waren. Béid Ekippe sinn doduerch mat 7 Punkten aus 3 Matcher gutt an d’Saison gestart.