Coupe de Luxembourg am FuttballDiddeleng, Fola an Nidderkuer stinn an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
De Progrès huet sech mat 9:3 géint d'US Esch duerchgesat. Eng Ronn weider sinn och Ettelbréck, Péiteng, de Racing, Käerjeng a Schëffleng.
© Eugène Thommes

1/8-Finalle Coup de Luxembourg / Rep. Gilles Tricca

E Mëttwoch den Owend stoungen am nationale Futtball d’Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg um Programm. Mam F91 Diddeleng, der Escher Fola an dem Progrès Nidderkuer konnte sech all d’Favoritten hiren Ticket fir déi nächst Ronn sécheren. No geckegen 90 Minutte konnt sech de Progrès mat 9:3 géint d’US Esch behaapten. Am Duell tëscht den zwou Ekippen aus der BGL Ligue gouf et fir de Racing dann eng 1:0-Victoire géint den FC Déifferdeng.

An de weidere Matcher vum Owend konnte sech iwwerdeems Péiteng, d’Etzella a Käerjeng fir d’Véierelsfinalle qualifizéieren a Schëffleng huet sech am Eelefmeterschéisse géint Kanech behaapt.

D'Fola steet an der 1/4-Finall vun der Coupe
Mat 4:0 huet een e Mëttwoch den Owend Monnerech aus der Éierepromotioun geklappt.

Den Iwwerbléck vun de Resultater (Replay an Ticker)

Back to Top
CIM LOGO