Trainer-Karussell dréint weiderDiddeleng huet mam Jamath Shoffner och en neien Trainer annoncéiert

RTL Lëtzebuerg
De Shoffner, dee Profi an den USA, Irland an Däitschland war, war ë.a. Trainer bei der Jugend vun der FLF a Co-Trainer vum Dino Toppmöller bei Virton.

Co-Trainer zu Diddeleng gëtt de Claudio Lombardelli. De Jonathan Joubert iwwerhëlt d’Roll vum Golkippstrainer beim F91.

Beim F91 ass een iwwerzeegt, datt ee mam 44 Joer ale Shoffner, genee dee Personnage fonnt huet, deen den neie Projet vun Diddeleng zu 100 Prozent verkierpert, esou de Manou Goergen, sportlechen Direkter beim Veräin aus der Forge du Sud.

De Manou Goergen, de sportlechen Direkter vum F91 Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO