An do geet et esou lues an déi decisiv Phas: un der Spëtzt dierf ee sech keen Ausrutscher méi leeschten an am Kampf géint den Ofstig zielt all Punkt. Den F91 Diddeleng konnt sech e Sonndeg mat 4:0 zu Déifferdeng duerchsetzen. De Samir Hadji hat schonns an der éischter Hallschent duebel markéiert, ier den Thomas an der zweeter Hallschent den Deckel dropgemaach huet a sengersäits och zwee Goler markéiert huet.
De gréisste Konkurrent an Tabelleleader Hesper konnt sech och iwwer 3 Punkte freeën, dat opgrond vun enger reegelrechter Gala vum Dominik Stolz, dee ganzer 4 Goler géint Munneref geschoss huet.
Méi ënnen an der Tabell huet d’Victoria Rouspert e Sonndeg eng gutt Affär gemaach. Beim Tabelleleschten Etzella gouf et eng kloer Victoire an domat huet een 3 weider wichteg Punkte gesammelt. Mat Monnerech wënnt nach een Ofstigskandidat géint en aneren an zwar konnt den Opsteiger sech knapps géint Hueschtert duerchsetzen duerch en Eelefmeter vum M’Barki.
D’nämmlecht war et et och der Escher Fola gaangen, déi doheem géint den direkte Konkurrent Käerjeng 3 Punkten huele konnten. Nodeems si mat 2:0 am Avantage waren, hu si dës Avance nach bal verspillt. Um Enn wanne si duerch e Last-Minute-Gol vum Quinol, deen déi 3 Escher Goler e Sonndeg markéiert huet.
Monnerech - US Hueschtert 1:0
1:0 M’Barki per Eelefmeter (71')
Racing - Progrès Nidderkuer 1:2
1:0 Garos (49'), 1:1 De Almeida (51'), 1:2 Bastos (83')
Una Stroossen - Jeunesse Esch 2:1
1:0 Camilo Almeida (39'), 2:0 Babit (66'), 2:1 Mogni per Eelefmeter (90+4')
Union Titus Péiteng - FC Wolz 2:1
1:0 Tekiela (21'), 2:0 Tekiela (60'), 2:1 Lusala (82')
Etzella Ettelbréck - Victoria Rouspert 1:5
0:1 Van Lingen (26'), 0:2 Steinbach (36'), 0:3 Carratala-Jimenez (45+2'), 0:4 Carratala-Jimenez (49'), 1:4 Kramaric (56'), 1:5 Crowther (89')
Fola Esch - UN Käerjeng 3:2
1:0 Quinol (49'), 2:0 Quinol (65'), 2:1 Selbstgol Klein (79'), 2:2 Muric (85'), 3:2 Quinol (90+4')
FC Déifferdeng 03 - F91 Diddeleng 0:4
0:1 Hadji per Eelefmeter (21'), 0:2 Hadji (45+3'), 0:3 Thomas (87'), 0:4 Thomas (90+1')
US Munneref - Swift Hesper 0:4
0:1 Stolz (14'), 0:2 Stolz (38'), 0:3 Stolz per Eelefmeter (59'), 0:4 Stolz (81')